Datum:
Samstag, 18. November 2023
Sonntag, 19. November 2023
Sprache
Französisch
Englisch
Deutsch
Luxemburgisch
Typ
Aufführung
Ausstellung
Diktat
Lesung
Sendung
Spektakel
Workshop
Publikum
Alle Besucher
Erwachsene
Familie
Junges Publikum
Samstag
18. November
DE KÉISEKER, DEEN NI MIDD GËTT!
Verfasst von
Judith Feider
Annick Wagener
VERLEGT VON iunik.lu Lëtzebuerger Geeschichten a Lidder fir Kanner
Ort Books for Kids 2, 1. Etage Centre Prince Henri
In Partnerschaft mit UGDA Steesel
Et ass Hierscht am Bësch! De klenge Kéiseker sollt sech eigentlech op säi Wanterschlof virbereeden. Wéi de Krukert him vun sengen opreegende Pläng erzielt, gëtt et dem Kéiseker kloer, dass net alleguer d’Déieren de Wanter duerch schlofen. Hie beschléisst kuerzerhand, kee Wanterschlof ze halen, mee sech ze ameséieren. Fënnt hien zu dëser Zäit ee Frënd, dee mat him spille wëll?
Freet iech op eng flott Liesung mat Gesank. De Kannerchouer vun der UGDA Steesel ass op der Plaz!
Post fir de Kleeschen
Verfasst von Emma Yarlett
Moderiert von Sonia Thewes
VERLEGT VON PersPektiv Éditions
Ort Books for Kids 2, 1. Etage Centre Prince Henri
Geschwënn ass Niklosdag an de Kleeschen huet d’Päck esou gutt wéi fäerdeg. Do kënnt dem Lea säi Bréif duerch d’Schminni gefall … an där grad e Feier brennt. De Kleesche kann net méi entzifferen, wat d’Lea sech wënscht, a freet d’Wiichtelen, den Änder Äisbier an d’Rendéieren ëm Rot. An déi kommen op déi gelungenst Iddien …
Walfer sessions. Literature meets music.
Moderiert von Maxime Weber & Bartleby Delicate
Ort Außenbühne
Sechs Jahre gibt es die Walfer Autorenresidenz in Zusammenarbeit mit der Literaturzeitschrift „Les Cahiers luxembourgeois“ bereits. Die Schriftsteller der diesjährigen Ausgabe: Florence Sunnen und Maxime Weber. Auf den Büchertagen präsentieren sie live ihre zum Jahresthema erstellten Texte. Musikalisch begleitet werden sie von Georges Goerens. Natürlich verfasst Maxime Weber auch eigens einen Beitrag zum Jahresthema der Büchertage. So viel sei verraten: „Meine Geschichte geht der Frage nach: Was wäre, wenn wir wüssten, dass es ein Leben nach dem Tod gibt? Die Gewissheit der Unendlichkeit; das Paradies? Was würde das für unser Dasein hier bedeuten? Ich freue mich sehr auf meinen Vortrag auf der Außenbühne – und bin gespannt auf die Reaktion des Publikums!“
Variété de belles choses
Moderiert von Zaltimbanq' Zirkus
Ort Außenbühne
WAASSER KËNNT DACH AUS DEM KRUNN, ODER NET?
Verfasst von Martine Konijnenberg
VERLEGT VON Éditions Revue
Ort Books for Kids 1, 1. Etage Centre Prince Henri
„Waasser kënnt dach aus dem Krunn, oder net?“ ass ee lëtzebuergescht Kannerbuch iwwert zwee Charakteren, d’Kanéngche Karlo an d’Gäns Gemma. De Karlo an d’Gemma wëllen zu zwee méi iwwert d’Waasser erausfannen, an entdecken op hirer Rees déi verschidde Problematike ronderëm dat blot Gold: d’Waasser als limitéiert Ressource, Waasserverschmotzung a Waasserverbrauch. D’Moral vun der Geschicht ass, datt besser op dës Ressource opgepasst muss ginn.
Kannnererziel-
theater: Eng Monsterfriess
Moderiert von Potty Lotty
VERLEGT VON PersPektiv Éditions
Ort Außenbühne
Kannererzieltheater mam Potty Lotty! D’Monster huet e Maufel gefaangen an invitéiert seng Frënn op eng Monsterfriess. Déi sinn all begeeschtert vun der Iddi, just de Maufel huet glat a guer keng Loscht, am Dëppen ze landen. Dobäi huet d’Monster esou vill gutt Rezepter … Op Lëtzebuergesch vum Myriam Welschbillig.
Honorable Brasius / L’homme de la rivière
Verfasst von
Florent Toniello
Nathalie Ronvaux
VERLEGT VON
Hydre Éditions
Zoom éditions
Ort Maison Dufaing
Sorcier, clochard céleste, charlatan ? En tout cas, pour celles et ceux qui font appel à ses services, l’aveugle Brasius est l’« honorable ». Avec sa chienne Enza, il débrouille l’écheveau de problèmes que seul le surnaturel peut résoudre ou expliquer. Un don qui excuse bien des défauts… tels son caractère ronchon et ses propos vulgaires. Dans le futur incertain où ces deux-là évoluent, les manipulations génétiques sur les vaches ont abouti à une civilisation bien particulière sur Callisto, et les opérations minières spatiales pourraient bien mettre en danger la Terre entière. Cinq nouvelles reliées par l’étrange, qui s’interrogent sur l’avenir de l’humanité.
L’homme de la rivière est le premier microrécit d’une série intitulée (L’homme né du dic’t’on). En s’inspirant d’une citation ou d’un dicton, l’auteure, avec humour et dérision, détourne le sens premier du propos, ou encore, le prend au pied de la lettre. Le premier texte de cette série s’inspire d’une citation de Lao-Tseu : « Si quelqu’un t’a offensé, ne cherche pas à te venger. Assieds-toi au bord de la rivière et bientôt tu verras passer son cadavre. » Après avoir été humilié, le protagoniste du récit décide de s’installer sur les berges de la rivière jusqu’à obtenir réparation.
Variété de belles choses
Moderiert von Zaltimbanq' Zirkus
Ort Außenbühne
Zerknujelt Geschichten
Verfasst von
Marc Weydert
Marie-Isabelle Callier
VERLEGT VON PersPektiv Editions
Ort Books for Kids 2, 1. Etage Centre Prince Henri
An esou war et emol … mä et kéint awer och anescht gewiescht sinn … A wann et da méi wéi 7 Zwerge waren? Oder wann den Draach dës Kéier e Prënz amplaz vun enger Prinzessin entféiere géif? A wann et dann NET d’Dauwe waren, déi dem Hänsel seng Broutgrimmele gefriess hunn? Mat „Zerknujelt Geschichten“ huelen eis d’Laureate vum Lëtzebuerger Literaturconcours 2021, de Marc Weydert an d’Marie-Isabelle Callier, sou wéi scho mat „Verdruddelt Geschichten“, a Versform, mat enger gesonder Portioun Humor an enger Rëtsch vläicht an de Vergiess gerodene Lëtzebuerger Ausdréck mat an d’Welt vum Märchen, der Fabel an der Seechen. Mä passt op, och dës Kéier kéint de Schluss aneschters sinn ewéi gewinnt!
Monster Mayla / Ditteridi
Verfasst von
Roland Meyer
Charel Meder
VERLEGT VON Op der Lay
Ort Maison Dufaing
„D’Malya ass grad emol 12 Joer al, awer an dësen 12 Joer schonn zu engem „Monster“ ginn. Esou gesäit dat op alle Fall säin Ëmfeld: seng Jofferen a Schoulmeeschteren, d’Personal aus der Maison relais an och all déi aner sëlleg Leit, déi sech ëm hatt a seng Famill bekëmmeren. D’Malya stéiert de System, duerch seng Roserei, seng Onugepasstheet, seng Stuerheet, seng Gewaltausbréch. An der Schoul huet hatt keng Frënn, a mat senger Famill wëllt keen sech ophalen. Wéi hatt mat sengen dräi Schwësteren an der Mamm virun engem vun där hire villen Amanten huet misse fortlafen, verstoppen si sech am Bësch a geroden do an een Donnerwieder. D’Malya gëtt vu senger Famill getrennt a kënnt schliisslech bei e Buer, an deem de Goldie lieft, ee Goldfësch, mat deem hatt ganz frou ass, deen hatt awer viru laanger Zäit do ausgesat hat.
Dat éischt Buch zu Lëtzebuerg, dat integral vun enger KI compiléiert gouf. An deem et drëms geet, wéi et dozou komme konnt, datt matten am wäermste Summer, dee jeemools am Grand-Duché gemooss gouf, eng KI de Literaturbetrib iwwerhuele konnt. A wéi si aus dëser Welt zu gudder Lescht awer nach eng besser gemaach huet. All dat – an nach vill méi – gitt Dir an dësem Buch gewuer. Eng Parabel op eng Welt, déi op der Kopp steet. Eng Allegorie op e monde fou. „Pedagogesch besonnesch wäertvoll.“ (Minister vun der Exklusiv Digital-inklusiver Educatioun)“
KANNNERERZIEL-
THEATER: Eng Welt déi gefält
Moderiert von Walfer Schoul
Ort Außenbühne
Die Walfer Schoul ist natürlich wieder aktiv in die Bicherdeeg eingebunden: mit einem eigenen Stand sowie kreativen Buch- und Bastelprojekten.
Wer die letzten beiden Jahre auf den Büchertagen aufmerksam war, wird diese drei Kameraden kennen: Bäreldéier, Walfësch und Helster. Sie sind die Hauptfiguren einer Buchserie, die der engagierte Lehrer Ralph Hilbert ins Leben gerufen hat. Die Illustrationen stammen von Nathalie Ferron – allerdings nur die Umrisse, denn die Schüler sollen die drei Fantasietiere wie immer selbst farbig in Szene setzen.
„In diesem Jahr wird unsere Trilogie komplett“, erklärt Ralph schmunzelnd. Passend zum Thema der Bicherdeeg, heißt das dritte Buch „Eng Welt, déi gefält“. „Mee wat ass dat, wat blénkt a fonkelt, am déiwe Bësch do, an der Donkelt …?“ Soviel sei verraten: Das kleine Bäreldéier entdeckt eine fantastische Parallelwelt. Aber was ist der traumhafteste Ort wert, wenn man dort alleine ohne seine Freunde ist?
The Idiot of St. Benedict and other stories / Life A Series of (Un)Eventful Events
Verfasst von
Jean-Paul Gomez
Young Voices
VERLEGT VON Black Fountain Press
Ort Maison Dufaing
An impossible medieval church, a dreaded hospital appointment, figures reemerging from a past that is buried but not gone. In narratives somewhere between Black Mirror and Ray Bradbury, John-Paul Gomez’s characters find themselves at the uneasy junction of reality and otherworldly forces beyond their control. Dystopian what if scenarios are juxtaposed with everyday grievances and relationships that have lost their luster. Things are getting away from us, our collective attention span is waning more and more, and something is going very, very wrong…
Life, what is it but a dream? Lewis Carroll asks. And like him, we are led to wonder. Life, this absurd construct we must accept; life with its complex relationships, its moments of panic or euphoria, its stints of happiness or sorrow; life embedded in traditions but also in novelty. Life as an escape room, or life as a kind of car wash experience? So many metaphors to explore what we experience every day! This volume presents the poems and short stories by sixteen young writers, aged 15–25, who were shortlisted or winners in the Young Voices Writing Contest 2023 organised by Black Fountain Press and the University of Luxembourg.
KANNERERZIELTHEATER Den Arthur fält duerch d’Welt
Verfasst von Anja Di Bartolomeo
Moderiert von
Walfer Schoul
Clara Hertz
Benjamin Heidrich
Ort Außenbühne
In Partnerschaft mit Le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Kinder spielen auf den Bicherdeeg eine Hauptrolle. Apropos: Die Buchmesse findet rund um den Internationalen Tag der Kinderrechte statt, denn am 20. November 1989 wurde die UN-Kinderrechtskonvention verabschiedet. Wie könnten beide Anlässe verbunden werden? Es entstand die Idee zu einer Partnerschaft zwischen dem Ministerium für Kinder, Bildung und Jugend sowie der Gemeinde Walferdingen – samt Buchprojekt und Einbindung der Walfer Schoul!
Das Ergebnis: das Buch „Den Arthur fält duerch d’Welt“. Eine Geschichte, die im Rahmen der Büchertage live auf der Außenbühne präsentiert wird: mit tatkräftiger Unterstützung von Walferdinger Schulkindern. Die Erzählung rund um die Eule Arthur wurde von der Schriftstellerin Anja Di Bartolomeo sowie Illustratorin Giulia Helminger gestaltet. Ganz in Anlehnung an das Jahresthema der Bicherdeeg geht es um das Recht so zu sein, wie man ist.
Die Büchertage bieten den perfekten Anlass auf Kinderrechte aufmerksam zu machen. Schauspielerin Clara Hertz wird den Text lebendig in Szene setzen; begleitet von den Schulkindern. Im Rahmen eines Workshops entwickeln die Kids im Vorfeld mit ihr zusammen eine kleine Choreografie. Zudem gestalten sie die Kostüme, die sie tragen werden. Für die musikalische Begleitung sorgt der Walferdinger Lehrer Benjamin Heidrich, der zusammen mit seiner Klasse einen Rap einstudiert.
Molen an entdecke mam Theodor & Grace
Verfasst von Tessy Antony-de Nassau
VERLEGT VON Éditions Schortgen
Ort Books for Kids 1, 1. Etage Centre Prince Henri
Entdeck Lëtzebuerg! Den Theodor an d’Grace si ganz begeeschtert vum schéine Lëtzebuerg. An duerfir wëllen si d’Land besser kenne léieren. Wéi eng Planzen a Beem wuessen hei? Wéi eng Déiere fënnt een an de Bëscher? Wat iessen d’Leit doheem? A wéi gesäit d’Stad Lëtzebuerg aus? D’Grace an den Theodor huelen dech mat op eng Entdeckungsrees, bei där s du spilleresch nei Wierder léiers.
Zeichen-Workshop
Moderiert von Sandra Martins
Ort Books for Kids 3, 1. Etage Centre Prince Henri
In Partnerschaft mit Éditions Schortgen
Zeichen-Workshop: Kommt mit in den Wald mit Sasha und Flint!
Toni Konfettoni
Verfasst von Anja Di Bartolomeo
VERLEGT VON éditions guy binsfeld
Ort Books for Kids 2, 1. Etage Centre Prince Henri
In Partnerschaft mit ALAN ASBL
Dës illustréiert Geschicht erzielt vun engem Fuuss, deen ëmmer voller Energie war a seng Frënn mat senger gudder Laun eng fuusseg Freed gemaach huet. Enges Daags kribbelt et den Toni an de Been an hie ka bemol net méi sou héich sprange wéi soss. Seng Kraaft verschwënnt an hien huet schrecklech Bass. Da fänkt en och nach u faarweg um ganze Kierper ze ginn.– A wéi wann dat net alles scho schwéier genuch ze erdroe wier, zéie seng Frënn sech zréck a kënnen näischt mat deem „Konfettimonster“ ufänken. Den Toni fillt sech eleng a wëll einfach erëm esou sinn, wéi déi aner. Kann d’Zaubermaus Kamella Pop him säi Wonsch erfëllen? Oder gëtt e Wee, fir esou akzeptéiert ze ginn, wéi en elo ass? D’Buch gouf an Zesummenaarbecht mat ALAN ASBL – Maladies Rares Luxembourg verëffentlecht.
Walfer sessions. Literature meets music.
Moderiert von Florence Sunnen & Bartleby Delicate
Ort Außenbühne
Sechs Jahre gibt es die Walfer Autorenresidenz in Zusammenarbeit mit der Literaturzeitschrift „Les Cahiers luxembourgeois“ bereits. Die Schriftsteller der diesjährigen Ausgabe: Florence Sunnen und Maxime Weber. Auf den Büchertagen präsentieren sie live ihre zum Jahresthema erstellten Texte. Musikalisch begleitet werden sie von Georges Goerens.
Für ihren Text, den sie im Rahmen der Büchertage verfasst, entführt sie in eine fiktive Gesellschaft: eine Stadt in der jeder ein Künstler ist. Was eine erfüllende Utopie sein könnte, wird zum Fluch, wenn Produktivität zum Zwang wird …
Der Letzte Bus / Meine Insel / im halblichten geäst deines atems
Verfasst von
Jérôme Netgen
Raoul Biltgen
Ulrike Bail
VERLEGT VON
Zoom éditions
Hydre Éditions
Conte Verlag
Ort Maison Dufaing
Alvaro Aboulias, ein Nachfahre des portugiesischen Weltumseglers Ferdinand Magellan, strandet am Ende eines verregneten Tages in einem Wirtshaus am Dorfrand. Dort klebt das Fernweh zur Ermunterung der Kundschaft am Buffet, die Pferdebremsen randalieren am beschlagenen Fenster. Und ein Mann im weißen Kittel wartet geduldig auf seinen Einsatz.
Auf einer einsamen Insel steht ein Mann am Strand und erzählt einen Witz über einen Mann am Strand auf einer einsamen Insel. Dabei hat er nichts zu lachen. Der Schiffbrüchige, der einst Jean-Marie hieß und sich nun Robinson nennt, hat sich ein neues Leben geschaffen: Vorräte angelegt, eine Hütte gebaut – und Zäune errichtet. Denn den mühsam angehäuften Besitz soll ihm niemand wegnehmen. Piraten zum Beispiel. Oder gar Menschenfresser, wie bei Robinson Crusoe. Wer weiß, wie lange man auf einer einsamen Insel allein bleibt?
Auf den täglichen Spaziergängen mit ihrem Hund entdeckt Ulrike Bail kulturelle Vernetzungen im Moos, symbolische Prozesse zwischen Orchideen und Pilzen und findet überraschende Wörter. Ihre Gedichte erkunden die vielfältigen Beziehungen zwischen Kultur und Natur – filigran und klangvoll.
Wasserstand / Fassad a Substanz
Verfasst von
Luc François
Joël Adami
VERLEGT VON
Kremart Edition
Op der Lay
Ort Maison Dufaing
Mit einem Roman im Noir-Stil will der Schriftsteller Klaus Klopp den großen Wurf landen, nachdem seine ersten beiden Werke gerade einmal als Mittelmaß belächelt wurden. Die neue Geschichte soll spannend und düster, literarisch wertvoll, aber zugleich authentisch und menschlich sein. Vielleicht auch ein wenig kunstvoll. Ausgerechnet ein Glas Wasser bringt den Mittvierziger auf eine Idee, wie er seinen Figuren echtes Leben einhauchen kann. Jetzt muss Klausi zeigen, was in ihm steckt.
Den Ech-Erzieler steet enges Daags am Laf vum Joer 2016 virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“ a kritt d’Gefill, datt generell eppes mat der Welt a besonnesch mat Lëtzebuerg net stëmmt. Alles wierkt fir hien, wéi wann et just eng bëlleg Kuliss aus Kartong wier. Wat als komescht Gefill ufänkt, entwéckelt sech zu engem eeschte Problem, well näischt méi reell wierkt: D’Pizzeria net, d’Chamber an déi lëtzebuergesch Politik souwisou net, net emol de Besuch beim Bäcker, wou ee rosenen Här versicht, säi Croissant op Lëtzebuergesch ze bestellen. D’Lis, dem Ech-Erzieler seng bescht Frëndin, probéiert him d’Gefill vun der Normalitéit zeréckzeginn. Dofir besichen déi zwee déi „schéinsten“ Plaze vum Land. Si maache kee Roadtrip, well dat an engem klenge Land lächerlech wier. Si fueren trotzdeem bei de Bockfiels, an de Flying Dutchman, op d’Aire de Berchem, de Stauséi a schlussendlech op de Kierchbierg.
Word in Progress
Moderiert von KUFA
Ort Kaffisstuff
Zum ersten Mal findet eine Session der Reihe Work in progress im Rahmen der Büchertage statt. Organisert wird der kultige Leseabend von der Escher Kulturfabrik. Was sich dahinter verbirgt? Ein Einblick in bislang unveröffentlichte und noch nicht fertige Texte von drei Autoren. Das Ziel: Die Entstehung von Literatur hautnah erleben. Die Schriftsteller profitieren zudem von der direkten Rückmeldung des Publikums. Die Kaffisstuff bietet ein gemütliches Ambiente mit Wohnzimmercharakter. Let’s read and enjoy!
Sonntag
19. November
RTL-Diktat
Moderiert von RTL
Ort eduPôle
In Partnerschaft mit Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Zum ersten Mal findet das RTL-Diktat im eduPôle statt. Das heißt: Es gibt wieder Platz für mehr Teilnehmer! Diktiert wird auf Luxemburgisch, Deutsch und Französisch. Die Gewinner können sich auf Preise mit bibliophiler Note freuen. Aber schon das Mitmachen lohnt sich: Jeder Teilnehmer erhält ein Buch. Das Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ist als Partner mit an Bord. Dabei gibt es einen Clou beim luxemburgischen
Diktat; als Hommage an das Jahresthema der Bicherdeeg. Das KI-Tool schreifmaschinn.lu wird mit der Audiodatei gefüttet. Sie schreibt das Diktat quasi mit. Wird sie wohl Fehler machen? Anmeldungen sind möglich unter: dictee@rtl.lu
Wéi een de Korona-Klautjen an anert frecht GEDÉIESCHS verjot
Verfasst von Yorick Schmit
VERLEGT VON Zoom éditions
Ort Books for Kids 1, 1. Etage Centre Prince Henri
Kennt dir de Korona-Klautjen? Nach net? Da passt elo gutt op. D’Lizzie an d’Bomi erzielen iech alles iwwert dee freche Gesell. An och, wéi der him erëm lassgitt. Et komme fir: eng tomaterout Nues, eng Geheimsprooch, rolze mat enger granzeger Flantermaus, Fänkches spille mat Stäreschnäizen … an net ze vergiessen: eng Loftballonsschluecht. E Guide fir jiddereen, dee virbereet wëll sinn, wann de Korona-Klautjen un d’Dier klappt.
Variété de belles choses
Moderiert von Zaltimbanq' Zirkus
Ort Außenbühne
Déi wonnerbar Valibrairie
Moderiert von Valerija Berdi
Ort Café littéraire
In Partnerschaft mit Radio 100,7
Sidd live dobäi bei dëser Emissioun vu Radio 100,7 an där Bicher an Neiegkeeten aus der nationaler an internationaler Literaturwelt diskutéiert ginn. Presentéiert vum Valerija Berdi.
Kannererziel-
theater: Rout, Giel oder Blo?
Verfasst von Gilles Kolbet
Moderiert von Potty Lotty
VERLEGT VON Éditions Ernster
Ort Außenbühne
Kannererrzieltheater mam Potty Lotty! De Kënschtler Albert ass scho laang net méi zefridde mat senge Faarwen. Ëmmer erëm stellt hie sech d’Fro: „Rout, Giel oder Blo, wéi eng Faarf huelen ech dann elo?“. Enges Daags mierkt hien allerdéngs, wat wierklech glécklech mécht, an, dass et nach esou munch aner Faarwen am Liewen ze entdecke ginn.
De Reeboufësch am Erzielkoffer
Verfasst von Marcus Pfister
Moderiert von Bibliobus (Caritas Jeunes et Familles)
Ort Books for Kids 1, 1. Etage Centre Prince Henri
In Partnerschaft mit Éditions Schortgen
De Reeboufësch ass eng bekannt Geschicht, déi weltwäit a verschiddene Sproochen editéiert ginn ass, ënner anerem 2013 op Lëtzebuergesch vun Editions Schortgen. An dëser Liesung gëtt d’Geschicht awer net aus dem Buch virgelies, mee d’Geschicht befënnt sech an engem Koffer. Esou bal de Koffer opgeet, falen d’Kanner an d’Welt vun der Geschicht, andeems se déi verschidde Personnagen an Zeenen, duergestallt aus verschidde Materialien, erliewen.
Malworkshop Charaktere zeichnen
Moderiert von Andy Genen
Ort Books for Kids 3, 1. Etage Centre Prince Henri
In Partnerschaft mit Éditions Schortgen Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
De Pinksy: Erschaaft zesumme mam Andy Genen ären eegene Personnage!
Den Ëmmer-frou-Bengel
Verfasst von Roel Seidell
Moderiert von Caroline Kayser
VERLEGT VON Éditions Phi
Ort Books for Kids 1, 1. Etage Centre Prince Henri
D’Maus ass iwwerrascht, dass de Bier sou traureg ass. Si kennt dee Problem net, well si huet en Ëmmer-frou-Bengel. Schlussendlech léint si dem Bier dëse wonnerbare Bengel. Natierlech ginn déi aner Déiere jalous. Och si wëllen esou ee Bengel, deen anscheinend de Besëtzer glécklech mécht. E witzegt Buch, mat engem seriöen Hannergronn. Kann ee Gléck kafen?
Walfer sessions. Literature meets music.
Moderiert von Florence Sunnen & Bartleby Delicate
Ort Außenbühne
Sechs Jahre gibt es die Walfer Autorenresidenz in Zusammenarbeit mit der Literaturzeitschrift „Les Cahiers luxembourgeois“ bereits. Die Schriftsteller der diesjährigen Ausgabe: Florence Sunnen und Maxime Weber. Auf den Büchertagen präsentieren sie live ihre zum Jahresthema erstellten Texte. Musikalisch begleitet werden sie von Georges Goerens.
Für ihren Text, den sie im Rahmen der Büchertage verfasst, entführt sie in eine fiktive Gesellschaft: eine Stadt in der jeder ein Künstler ist. Was eine erfüllende Utopie sein könnte, wird zum Fluch, wenn Produktivität zum Zwang wird …
LESUNG: LAUREAT DES BUCHPRÄIS KINDERLITERATUR
Ort Books for Kids 2, 1. Etage Centre Prince Henri
Kannererziel-
theater: Den Emil an d’Maschinn
Verfasst von Isabelle Marinov
Moderiert von Potty Lotty
VERLEGT VON éditions guy binsfeld
Ort Außenbühne
Kannererzieltheater mam Potty Lotty! „Den Emil an d’Maschinn“ erzielt vun engem klenge Jong, deen am Fong guer keng Loscht hat, mat senger Klass an d’Konschtgalerie ze goen. Hie wier vill léiwer op d’Plage gaangen, fir Muschelen ze sammelen. Wat hien awer méi laang am Musée ass an déi verschidde Konschtwierker betruecht, wat him méi Froen duerch de Kapp schéissen: Wat ass de Sënn hannert Biller vun alen Zoppendousen oder deene vun Aueren, déi schmëlzen? Op eemol gëtt den Emil besonnesch virwëtzeg. Iwwert engem Wierk, dat op d’mannst esou ausgesäit wéi eng Sëtzplaz, steet grouss un der Mauer: Ass dëst e Stull? Dës Fro léist eng Explosioun u Kreativitéit aus an den Emil versteet lues a lues, ëm wat et an der Konscht eigentlech geet …
Yeshua. Une vie de Jésus après sa Crucifixion / Mengem Papp seng Bréck
Verfasst von
Claude Schmit
Emil Angel
VERLEGT VON Éditions Phi
Ort Maison Dufaing
„Et si Jésus n’était pas mort sur la croix ? Si deux amis, trompant les Romains, l’avaient sauvé ? Si une fois guéri de ses terribles blessures et s’étant spécialisé dans la menuiserie de luxe, il était parti à Rome, sous son nom hébreu, pour y rencontrer des Romains raffinés et cultivés et connaître la vie romaine : les thermes, les jeux, la philosophie stoïcienne, le culte de Dionysos, l’amitié, l’opulence, les nombreux dieux et l’amour avec Sulpicia ? Un jour, un homme de Jérusalem le reconnaît et des années plus tard, Yeshua apprend qu’on raconte qu’il est le fils de Dieu ressuscité des morts. Et alors… Une fresque historique passionnante au croisement de Rome, sa puissance conquérante et sa splendeur ostentatoire, et de Jérusalem, sa sainteté austère et sa ferveur religieuse.
Dem Emil Angel seng Kandheetserënnerungen – kuerz nom Krich – verleeden zum Schmunzelen, zum Nodenken, a méi wéi eng Kéier seet ee sech: Jo, dat war wierklech esou.
Do sinn natierlech Erënnerungen un dem Papp seng Schaff, un „d’Bréck“, awer och un d’Noperschaft, un dem Dokter seng Studebaker, eng Radioiwwerdroung vum Tour de France, un d’Famill an der Stad …
Déi däitsch Versioun vun dësem Buch gouf 2023 mam Stefan-Andres-Präis ausgezeechent.“
KANNNERERZIEL-
THEATER: Eng Welt déi gefält
Moderiert von Walfer Schoul
Ort Außenbühne
Die Walfer Schoul ist natürlich wieder aktiv in die Bicherdeeg eingebunden: mit einem eigenen Stand sowie kreativen Buch- und Bastelprojekten.
Wer die letzten beiden Jahre auf den Büchertagen aufmerksam war, wird diese drei Kameraden kennen: Bäreldéier, Walfësch und Helster. Sie sind die Hauptfiguren einer Buchserie, die der engagierte Lehrer Ralph Hilbert ins Leben gerufen hat. Die Illustrationen stammen von Nathalie Ferron – allerdings nur die Umrisse, denn die Schüler sollen die drei Fantasietiere wie immer selbst farbig in Szene setzen.
„In diesem Jahr wird unsere Trilogie komplett“, erklärt Ralph schmunzelnd. Passend zum Thema der Bicherdeeg, heißt das dritte Buch „Eng Welt, déi gefält“. „Mee wat ass dat, wat blénkt a fonkelt, am déiwe Bësch do, an der Donkelt …?“ Soviel sei verraten: Das kleine Bäreldéier entdeckt eine fantastische Parallelwelt. Aber was ist der traumhafteste Ort wert, wenn man dort alleine ohne seine Freunde ist?
Variété de belles choses
Moderiert von Zaltimbanq' Zirkus
Ort Außenbühne
Et rabbelt an der Broutgaass
Verfasst von
Diane Orban
Myriam Karels
VERLEGT VON éditions guy binsfeld
Ort Books for Kids 1, 1er étage Centre Prince Henri
D’Zwillingen Emma a Georges fäerten, datt si der dëst Joer e puer ze vill gestëbst hunn. An dowéinst probéieren si alles, fir datt de Kleeschen all hir Spiichte vergësst. – Iergendwéi muss et dach geléngen, datt och si an dem Hellege Mann säi Gëllent Buch kommen. Um Enn vun hirer Rees, kréien si eppes, dat besser ass, wéi all Kaddo op Welt … Dëst Buch erzielt net nëmmen d’Geschicht vun zwee Kanner, déi dem Kleeschen säin Häerz nees fir sech gewanne wëllen, et enthält och Bakrezepter a Basteluleedungen a villes méi, fir dës besënnlech Zäit mat alle Sënner ze genéissen!
Mutterrache / Nuebelschnéier
Verfasst von
Margret Steckel
Jean Back
VERLEGT VON
Capybarabooks
Kremart Edition
Ort Maison Dufaing
Heiligabend. Die Ich-Erzählerin sitzt allein in ihrer Wohnung und wartet wie in jedem Jahr auf den Anruf der entfremdeten Tochter – vergeblich. Wie konnte es zu dieser Entfremdung kommen? In Rückblenden lässt die alte Frau die Stationen ihres Lebens Revue passieren, spaziert durch die winterliche Hauptstadt und schmiedet einen verzweifelten Plan …
In der Novelle „Mutterrache“ gelingt es Margret Steckel, anhand der kunstvoll verwobenen Handlungsfäden Fragen von Schuld und Versäumnissen innerhalb einer Familie zu thematisieren, ohne Partei zu ergreifen. Obwohl es in dieser Geschichte wohl niemanden gibt, der sich letztendlich frei von Schuld sprechen kann, ermöglicht es die Autorin dem Leser, anhand der Rückblenden den Verlauf der Tragödie zu rekonstruieren und sich sein eigenes Urteil zu bilden – ohne zu verurteilen, denn dafür liebt Margret Steckel ihre Figuren zu sehr. Selbst wenn sie schwierig sind.
De Jong an der Psychiatrie, dee seng Mamm vermësst, obwuel e vun hir mësshandelt gouf; d’Bom Marie, déi Braatsch gespillt huet an elo am Cipa lieft, wou d’Erënnerungen un hiert Kand se tréischten; d’Mamm, déi am héijen Alter stierft, an op eemol geroden Iwwerzeegungen a Gewëssheeten aus der Bunn. „Nuebelschnéier“ ass eng Sammlung vun Erzielungen a Kuerzgeschichten, déi labber uneneenhänken. Munchmol si se lëschteg, munchmol batteren Eescht. Heiansdo ass d’Sprooch ganz duuss, heiansdo zimmlech rau. Virun allem ass et d’Sich nom Doheem an engem klenge Land.
Lesung Laureat des Buchpräis
Ort Außenbühne
In Partnerschaft mit CNL
E Vëlo fir de Muli
Verfasst von
Catherine Anen
Christine Majerus
VERLEGT VON Éditions Revue
Ort Books for Kids 1, 1. Etage Centre Prince Henri
„D’Mia an de Muli fuere gär zesumme mam Vëlo. Well et awer kee Vëlo gett, deen dem Muli passt, sëtzt hien ëmmer vir am Kierfche vum Mia sengem Vëlo.
Ma dem Muli säi gréissten Dram ass et, en eegene Vëlo ze hunn.
Wee kann dann do hëllefen, dass sech dem Muli säin Dram erfëllt?“
Parfois la nuit se tait / Gut verräumte Sternschnuppen
Verfasst von
Antoine Pohu
Chris Lauer
VERLEGT VON
Capybarabooks
Limbus Verlag
Ort Maison Dufaing
Bruxelles, la nuit. Daniel promène ses doigts sur les pianos, de bars au décor kitsch en salles de concert réputées. Ses amis semblent déjà connaître la trajectoire qu’ils veulent donner à leurs vies. Lui cherche encore, à la lumière des phares qui se reflètent sur le bitume. Entre le souvenir vivace de Paul et une passion raisonnée pour Marie, il scrute la beauté d’un monde qui l’attire et le repousse à la fois. Et si s’éloigner de cette ville qui lui colle à la peau était la solution ? Parfois, lorsque la nuit se tait, il faut savoir l’écouter.
Liebe und Trauma sind so eng verknüpft wie Vergangenheit und Gegenwart in Chris Lauers lyrischem Debüt. Vom Zeltfest mit betrunkenen Fäusten und starren Rehaugen über Hoffnung auf gemeinsames Gesunden bis zum »Kuss, der einem Handschlag glich« reicht das Panorama von Begehren, Zuneigung und Ablehnung. Lauer schreibt offen über die Schwierigkeit selbstbestimmter weiblicher Sexualität. Und so intim dieser Band beginnt, so überwältigend ist das Zoom-out auf die Phänomene der von Gewalt geprägten Gegenwart, die Lauer mit hypnotischer Sprache und faszinierendem Wortschatz in Verszeilen fasst. Die großen Themen, sie scheinen dabei immer wieder durch. Schmerzhaft wie ein Widerhaken durchwirken die Gedichte die Familiengeschichte, die Erfahrungen im Zweiten Weltkrieg auf der Seite der Verfolgten. Dann wieder schafft Lauer Distanz zu Lärm und Chaos der Gegenwart und entrollt weite sprachliche Landschaften: „Ich fotografierte / Fassaden wie aus mattem Kupfer und / Zerstäubtes Brückenlicht, das abends / Die verlorene Hälfte wiederfindet: / Eine Aureolenreihe, / Durch die lautlos Kähne gleiten.
Walfer sessions. Literature meets music.
Moderiert von Maxime Weber & Bartleby Delicate
Ort Außenbühne
Sechs Jahre gibt es die Walfer Autorenresidenz in Zusammenarbeit mit der Literaturzeitschrift „Les Cahiers luxembourgeois“ bereits. Die Schriftsteller der diesjährigen Ausgabe: Florence Sunnen und Maxime Weber. Auf den Büchertagen präsentieren sie live ihre zum Jahresthema erstellten Texte. Musikalisch begleitet werden sie von Georges Goerens. Natürlich verfasst Maxime Weber auch eigens einen Beitrag zum Jahresthema der Büchertage. So viel sei verraten: „Meine Geschichte geht der Frage nach: Was wäre, wenn wir wüssten, dass es ein Leben nach dem Tod gibt? Die Gewissheit der Unendlichkeit; das Paradies? Was würde das für unser Dasein hier bedeuten? Ich freue mich sehr auf meinen Vortrag auf der Außenbühne – und bin gespannt auf die Reaktion des Publikums!“