25e Édition - 16 / 17 nov. 2019

Kuerzgeschichten op lëtzebuergesch: eng spannend Erausfuerderung

D’Zil: Sech kenneléieren, iwwert d’Liesgewunnechte schwätzen, e puer ausgesichten Texter vu Lëtzebuerger Auteuren diskutéieren an analyséieren. Duerno: jidderee kann, wann e wëllt, eng konkret Mediequell (Internet, Musek, Foto, Film, Zeitung etc.) virschloen, déi en als Inspiratioun fir eng kuerz Geschicht (net méi ewéi eng Säit) wëllt benotzen. Zweete Rendez-vous: (no engem Mount). Vu mueres 9 Auer bis an den Nomëtteg eran, am CAW, Walfer, éischte Stack. Den Datum gëtt zesumme festgeluecht. Déi geschriwwen Texter gi virgedroen an diskutéiert. Et gëtt och iwwert eng méiglech Publikatioun grad ewéi iwwert e Liesowend geschwat.

Konditioun fir deelzehuelen:

  • Grondkenntnisser vun der geschriwwener Lëtzebuerger Sprooch si vu groussem Virdeel
  • maximal Unzuel vu Participanten: 10 Persounen

Umeldung bis de 14. November mam Betreff „Auteureresidenz Jean Back“ un bicherdeeg@walfer.lu .