Date1
Samedi 18 novembre 2023
Dimanche 19 novembre 2023
Langue
Français
Anglais
Allemand
Luxembourgeois
Type
Dictée
Émission
Exposition
Lecture
Spectacle
Workshop
Public
Adulte
Famille
Jeune public
Tout public
samedi
18 novembre
DE KÉISEKER, DEEN NI MIDD GËTT!
Écrit par
Judith Feider
Annick Wagener
Édité par iunik.lu Lëtzebuerger Geeschichten a Lidder fir Kanner
Lieu Books for Kids 2, 1er étage Centre Prince Henri
En partenariat avec UGDA Steesel
Et ass Hierscht am Bësch! De klenge Kéiseker sollt sech eigentlech op säi Wanterschlof virbereeden. Wéi de Krukert him vun sengen opreegende Pläng erzielt, gëtt et dem Kéiseker kloer, dass net alleguer d’Déieren de Wanter duerch schlofen. Hie beschléisst kuerzerhand, kee Wanterschlof ze halen, mee sech ze ameséieren. Fënnt hien zu dëser Zäit ee Frënd, dee mat him spille wëll?
Freet iech op eng flott Liesung mat Gesank. De Kannerchouer vun der UGDA Steesel ass op der Plaz!
D’Int op der Sich nom Gléck
Écrit par Gemma Merino
Présenté par Vanessa Gabriel
Édité par Atelier Kannerbuch
Lieu Books for Kids 1, 1er étage Centre Prince Henri
Geschriwwen an illustréiert vum Gemma Merino. Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel. Et wor emol eng Int … déi huet gemengt, se hätt keng Chance. Hir sinn ëmmer déi komeschst Saache passéiert. No engem schrecklechen Dag voller Pech ass et der Int ee fir allemol duergaangen! „Et gëtt héich Zäit, déi gescheit Eil ëm Hëllef ze froen“, huet se sech opgereegt. Motivéiert ass d’Int mat hire Siwesaache lassgezunn, fir d’Gléck ze fannen. Eng Geschicht fir Kanner ab 4 Joer.
Post fir de Kleeschen
Écrit par Emma Yarlett
Présenté par Sonia Thewes
Édité par PersPektiv Éditions
Lieu Books for Kids 2, 1er étage Centre Prince Henri
Geschwënn ass Niklosdag an de Kleeschen huet d’Päck esou gutt wéi fäerdeg. Do kënnt dem Lea säi Bréif duerch d’Schminni gefall … an där grad e Feier brennt. De Kleesche kann net méi entzifferen, wat d’Lea sech wënscht, a freet d’Wiichtelen, den Änder Äisbier an d’Rendéieren ëm Rot. An déi kommen op déi gelungenst Iddien …
Waasser kënnt dach aus dem Krunn, oder net?
Écrit par Martine Konijnenberg
Édité par Éditions Revue
Lieu Books for Kids 1, 1er étage Centre Prince Henri
„Waasser kënnt dach aus dem Krunn, oder net?“ ass ee lëtzebuergescht Kannerbuch iwwert zwee Charakteren, d’Kanéngche Karlo an d’Gäns Gemma. De Karlo an d’Gemma wëllen zu zwee méi iwwert d’Waasser erausfannen, an entdecken op hirer Rees déi verschidde Problematike ronderëm dat blot Gold: d’Waasser als limitéiert Ressource, Waasserverschmotzung a Waasserverbrauch. D’Moral vun der Geschicht ass, datt besser op dës Ressource opgepasst muss ginn.
Zerknujelt Geschichten
Écrit par
Marc Weydert
Marie-Isabelle Callier
Édité par PersPektiv Editions
Lieu Books for Kids 2, 1er étage Centre Prince Henri
An esou war et emol … mä et kéint awer och anescht gewiescht sinn … A wann et da méi wéi 7 Zwerge waren? Oder wann den Draach dës Kéier e Prënz amplaz vun enger Prinzessin entféiere géif? A wann et dann NET d’Dauwe waren, déi dem Hänsel seng Broutgrimmele gefriess hunn? Mat „Zerknujelt Geschichten“ huelen eis d’Laureate vum Lëtzebuerger Literaturconcours 2021, de Marc Weydert an d’Marie-Isabelle Callier, sou wéi scho mat „Verdruddelt Geschichten“, a Versform, mat enger gesonder Portioun Humor an enger Rëtsch vläicht an de Vergiess gerodene Lëtzebuerger Ausdréck mat an d’Welt vum Märchen, der Fabel an der Seechen. Mä passt op, och dës Kéier kéint de Schluss aneschters sinn ewéi gewinnt!
Molen an entdecke mam Theodor & Grace
Écrit par Tessy Antony-de Nassau
Édité par Éditions Schortgen
Lieu Books for Kids 1, 1er étage Centre Prince Henri
Entdeck Lëtzebuerg! Den Theodor an d’Grace si ganz begeeschtert vum schéine Lëtzebuerg. An duerfir wëllen si d’Land besser kenne léieren. Wéi eng Planzen a Beem wuessen hei? Wéi eng Déiere fënnt een an de Bëscher? Wat iessen d’Leit doheem? A wéi gesäit d’Stad Lëtzebuerg aus? D’Grace an den Theodor huelen dech mat op eng Entdeckungsrees, bei där s du spilleresch nei Wierder léiers.
Toni Konfettoni
Écrit par Anja Di Bartolomeo
Édité par éditions guy binsfeld
Lieu Books for Kids 2, 1er étage Centre Prince Henri
En partenariat avec ALAN ASBL
Dës illustréiert Geschicht erzielt vun engem Fuuss, deen ëmmer voller Energie war a seng Frënn mat senger gudder Laun eng fuusseg Freed gemaach huet. Enges Daags kribbelt et den Toni an de Been an hie ka bemol net méi sou héich sprange wéi soss. Seng Kraaft verschwënnt an hien huet schrecklech Bass. Da fänkt en och nach u faarweg um ganze Kierper ze ginn.– A wéi wann dat net alles scho schwéier genuch ze erdroe wier, zéie seng Frënn sech zréck a kënnen näischt mat deem „Konfettimonster“ ufänken. Den Toni fillt sech eleng a wëll einfach erëm esou sinn, wéi déi aner. Kann d’Zaubermaus Kamella Pop him säi Wonsch erfëllen? Oder gëtt e Wee, fir esou akzeptéiert ze ginn, wéi en elo ass? D’Buch gouf an Zesummenaarbecht mat ALAN ASBL – Maladies Rares Luxembourg verëffentlecht.
D’WALLIS vum friemen Déier
Écrit par Chris Naylor-Ballesteros
Présenté par Vanessa Gabriel
Édité par Atelier Kannerbuch
Lieu Books for Kids 1, 1er étage Centre Prince Henri
E friemt Déier ass haut ukomm. Et gesäit stëbseg, midd a matgeholl aus. E bëssen Angscht huet et och. Et schleeft eng grouss Wallis hannert sech hier. D’Hong, den Hues an de Fuuss hunn nach ni esou en Déier gesinn. Se si mësstrauesch virum Neien an hunn dausend Froen: „Firwat ass et hei?“, „Wou kënnt et hier?“, „Wat ass a senger Wallis?“. Eng originell, empathesch Geschicht iwwert d’Toleranz virum Friemen, d’Akzeptanz vum Aneschtsinn an dat opgeschlossent Entdecke vun Neiem aus enger ferner Welt. Fir Kanner ab 3 Joer.Geschriwwen an illustréiert vum Chris Naylor-Ballesteros. Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
D’Rommel Bommel an hir Frënn
Écrit par Charlotte Reuter
Édité par Éditions Ernster
Lieu Books for Kids 2, 1er étage Centre Prince Henri
D’Rommel Bommel an hir Frënn – dat ass en interaktiivt Kannerbuch, an deem sech alles ëm Geméis an Erliefnisser mat de fënnef Sënner dréint. A véier Geschichten iwwer véier heemesch Zorte Geméis gëtt vum Wuesse bis d’Verschaffen all Schrëtt ënner d’Lupp geholl. Fir dir nach méi Loscht ze maachen, eist regionaalt Geméis ze entdecken, fënns du an de véier Geschichten einfach a lecker Rezepter fir nozekachen. Ob am Gaart, an der Kichen oder an der Stuff – et mécht iwwerall Freed, méi iwwer d’Rommel Bommel an hir Frënn gewuer ze ginn (an och mol eng Hand mat unzepaken)!
Honorable Brasius / L’homme de la rivière
Écrit par
Florent Toniello
Nathalie Ronvaux
Édité par
Hydre Éditions
Zoom éditions
Lieu Maison Dufaing
Sorcier, clochard céleste, charlatan ? En tout cas, pour celles et ceux qui font appel à ses services, l’aveugle Brasius est l’« honorable ». Avec sa chienne Enza, il débrouille l’écheveau de problèmes que seul le surnaturel peut résoudre ou expliquer. Un don qui excuse bien des défauts… tels son caractère ronchon et ses propos vulgaires. Dans le futur incertain où ces deux-là évoluent, les manipulations génétiques sur les vaches ont abouti à une civilisation bien particulière sur Callisto, et les opérations minières spatiales pourraient bien mettre en danger la Terre entière. Cinq nouvelles reliées par l’étrange, qui s’interrogent sur l’avenir de l’humanité.
L’homme de la rivière est le premier microrécit d’une série intitulée (L’homme né du dic’t’on). En s’inspirant d’une citation ou d’un dicton, l’auteure, avec humour et dérision, détourne le sens premier du propos, ou encore, le prend au pied de la lettre. Le premier texte de cette série s’inspire d’une citation de Lao-Tseu : « Si quelqu’un t’a offensé, ne cherche pas à te venger. Assieds-toi au bord de la rivière et bientôt tu verras passer son cadavre. » Après avoir été humilié, le protagoniste du récit décide de s’installer sur les berges de la rivière jusqu’à obtenir réparation.
Monster Mayla / Ditteridi
Écrit par
Roland Meyer
Charel Meder
Édité par Op der Lay
Lieu Maison Dufaing
« D’Malya ass grad emol 12 Joer al, awer an dësen 12 Joer schonn zu engem „Monster“ ginn. Esou gesäit dat op alle Fall säin Ëmfeld: seng Jofferen a Schoulmeeschteren, d’Personal aus der Maison relais an och all déi aner sëlleg Leit, déi sech ëm hatt a seng Famill bekëmmeren. D’Malya stéiert de System, duerch seng Roserei, seng Onugepasstheet, seng Stuerheet, seng Gewaltausbréch. An der Schoul huet hatt keng Frënn, a mat senger Famill wëllt keen sech ophalen. Wéi hatt mat sengen dräi Schwësteren an der Mamm virun engem vun där hire villen Amanten huet misse fortlafen, verstoppen si sech am Bësch a geroden do an een Donnerwieder. D’Malya gëtt vu senger Famill getrennt a kënnt schliisslech bei e Buer, an deem de Goldie lieft, ee Goldfësch, mat deem hatt ganz frou ass, deen hatt awer viru laanger Zäit do ausgesat hat.
Dat éischt Buch zu Lëtzebuerg, dat integral vun enger KI compiléiert gouf. An deem et drëms geet, wéi et dozou komme konnt, datt matten am wäermste Summer, dee jeemools am Grand-Duché gemooss gouf, eng KI de Literaturbetrib iwwerhuele konnt. A wéi si aus dëser Welt zu gudder Lescht awer nach eng besser gemaach huet. All dat – an nach vill méi – gitt Dir an dësem Buch gewuer. Eng Parabel op eng Welt, déi op der Kopp steet. Eng Allegorie op e monde fou. „Pedagogesch besonnesch wäertvoll.“ (Minister vun der Exklusiv Digital-inklusiver Educatioun) »
The Idiot of St. Benedict and other stories / Life A Series of (Un)Eventful Events
Écrit par
Jean-Paul Gomez
Young Voices
Édité par Black Fountain Press
Lieu Maison Dufaing
An impossible medieval church, a dreaded hospital appointment, figures reemerging from a past that is buried but not gone. In narratives somewhere between Black Mirror and Ray Bradbury, John-Paul Gomez’s characters find themselves at the uneasy junction of reality and otherworldly forces beyond their control. Dystopian what if scenarios are juxtaposed with everyday grievances and relationships that have lost their luster. Things are getting away from us, our collective attention span is waning more and more, and something is going very, very wrong…
Life, what is it but a dream? Lewis Carroll asks. And like him, we are led to wonder. Life, this absurd construct we must accept; life with its complex relationships, its moments of panic or euphoria, its stints of happiness or sorrow; life embedded in traditions but also in novelty. Life as an escape room, or life as a kind of car wash experience? So many metaphors to explore what we experience every day! This volume presents the poems and short stories by sixteen young writers, aged 15–25, who were shortlisted or winners in the Young Voices Writing Contest 2023 organised by Black Fountain Press and the University of Luxembourg.
Béischten / Die Häuser von drüben
Écrit par
Jemp Schuster
Fabienne Faust
Édité par
Kremart Edition
Éditions Phi
Lieu Maison Dufaing
« Kromburg oder Kromber ass en Éisleker Duerf, dat sech net vill vun aneren Dierfer ënnerscheet. Déi Kromber Béischte kommen engem kënneg vir. Wat déi Al mat vill Schweess iwwer Generatiounen zesummegekraazt hunn, dat mussen déi Jonk versuergen a weiderginn. Do bleift net vill Plaz fir Dreem a grouss Gefiller. Hannert de Mauere vun de gewäissten Haiser geschéie Saachen, déi keen dobaussen eppes uginn. Wéi 1940 d’Preisen d’Duerf an d’Land besetzen, traut kee méi deem aneren. De Felix Drengler gëtt 1942 agezunn. Seng jonk Fra Anni erwaart e Kand vun em. D’Milli léiert säi Papp ni kennen. De Felix bleift vermësst. 1945, d’Duerf ass nom Krich am Opbau, verschwënnt de Leo, e Bouf vun 13 Joer. Och deen daucht net méi op. Eenzel Leit am Duerf schéngen awer méi ze wëssen, wéi se soen. Iwwert de Felix an iwwert de Leo. D’Duerfgespréich gëtt esou schlëmm, datt d’Anni et net méi doheem aushält.
Sie sind Gestrandete im schnellen Atem der Zufluchtsmetropolen. Was von ihren Häusern übrig blieb, zerfällt in der Erinnerung. Sie sind Sturmbeobachter, in die Ferne gereist, um Scampia zu sehen, sich mit der Vergangenheit zu versöhnen oder einen Zeitungsknüller zu landen.
Sie trauern um das Übriggebliebene. Möchten erinnert werden, wie Ägypten an Alaa al-Aswany, wie Janina Rachmaninov an ihren Traum vom Frühling. Sie brechen auf, um zu stehlen, sich gegenseitig zu bekriegen, oder einfach nur Schuhe zu kaufen für Tim. »
Der Letzte Bus / Meine Insel / im halblichten geäst deines atems
Écrit par
Jérôme Netgen
Raoul Biltgen
Ulrike Bail
Édité par
Zoom éditions
Hydre Éditions
Conte Verlag
Lieu Maison Dufaing
Alvaro Aboulias, ein Nachfahre des portugiesischen Weltumseglers Ferdinand Magellan, strandet am Ende eines verregneten Tages in einem Wirtshaus am Dorfrand. Dort klebt das Fernweh zur Ermunterung der Kundschaft am Buffet, die Pferdebremsen randalieren am beschlagenen Fenster. Und ein Mann im weißen Kittel wartet geduldig auf seinen Einsatz.
Auf einer einsamen Insel steht ein Mann am Strand und erzählt einen Witz über einen Mann am Strand auf einer einsamen Insel. Dabei hat er nichts zu lachen. Der Schiffbrüchige, der einst Jean-Marie hieß und sich nun Robinson nennt, hat sich ein neues Leben geschaffen: Vorräte angelegt, eine Hütte gebaut – und Zäune errichtet. Denn den mühsam angehäuften Besitz soll ihm niemand wegnehmen. Piraten zum Beispiel. Oder gar Menschenfresser, wie bei Robinson Crusoe. Wer weiß, wie lange man auf einer einsamen Insel allein bleibt?
Auf den täglichen Spaziergängen mit ihrem Hund entdeckt Ulrike Bail kulturelle Vernetzungen im Moos, symbolische Prozesse zwischen Orchideen und Pilzen und findet überraschende Wörter. Ihre Gedichte erkunden die vielfältigen Beziehungen zwischen Kultur und Natur – filigran und klangvoll.
Wasserstand / Fassad a Substanz
Écrit par
Luc François
Joël Adami
Édité par
Kremart Edition
Op der Lay
Lieu Maison Dufaing
Mit einem Roman im Noir-Stil will der Schriftsteller Klaus Klopp den großen Wurf landen, nachdem seine ersten beiden Werke gerade einmal als Mittelmaß belächelt wurden. Die neue Geschichte soll spannend und düster, literarisch wertvoll, aber zugleich authentisch und menschlich sein. Vielleicht auch ein wenig kunstvoll. Ausgerechnet ein Glas Wasser bringt den Mittvierziger auf eine Idee, wie er seinen Figuren echtes Leben einhauchen kann. Jetzt muss Klausi zeigen, was in ihm steckt.
Den Ech-Erzieler steet enges Daags am Laf vum Joer 2016 virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“ a kritt d’Gefill, datt generell eppes mat der Welt a besonnesch mat Lëtzebuerg net stëmmt. Alles wierkt fir hien, wéi wann et just eng bëlleg Kuliss aus Kartong wier. Wat als komescht Gefill ufänkt, entwéckelt sech zu engem eeschte Problem, well näischt méi reell wierkt: D’Pizzeria net, d’Chamber an déi lëtzebuergesch Politik souwisou net, net emol de Besuch beim Bäcker, wou ee rosenen Här versicht, säi Croissant op Lëtzebuergesch ze bestellen. D’Lis, dem Ech-Erzieler seng bescht Frëndin, probéiert him d’Gefill vun der Normalitéit zeréckzeginn. Dofir besichen déi zwee déi „schéinsten“ Plaze vum Land. Si maache kee Roadtrip, well dat an engem klenge Land lächerlech wier. Si fueren trotzdeem bei de Bockfiels, an de Flying Dutchman, op d’Aire de Berchem, de Stauséi a schlussendlech op de Kierchbierg.
Exposition des Walfer Foto-Frënn
Lieu Kaffisstuff
Pour leur exposition à l’occasion des Journées du livre, les membres des Walfer Foto-Frënn se sont intéressés à la photographie de rue. Leur travail a donné lieu à 12 clichés captivants qui seront présentés à la Kaffisstuff. Ils y explorent la question suivante : comment se déplace l’homme dans les mondes urbains ?
« C’est le témoignage d’une situation concrète ; la capture d’un instant fugace », souligne le président Patrick Heller. Les membres du club ne s’en tiennent pas à une définition stricte de la photographie de rue, ils privilégient plutôt une touche personnelle. Les seules consignes à respecter : la netteté, l’exposition et le cadrage doivent être cohérents. Et chaque photo doit représenter au moins une personne, qu’il s’agisse d’une petite silhouette entourée de hautes façades vitrées ou qu’elle se tienne au cœur de l’action. Récemment, le club a fait un voyage photo à Prague. La devise : se préparer à l’aléatoire. Là ! Des mariés et leurs invités traversent la rue, leurs vêtements flottant au vent ! Un rapide réflexe et la photo est dans la boîte. « Parfois, on regarde autour de soi et on tombe sur une opportunité, un graffiti ou une statue. Une petite histoire se dessine alors dans la tête. Ou bien on remarque une ombre portée qui ressemble à un cratère dans le sol. Il faut alors faire preuve de patience. Est-ce que quelqu’un va venir ? Et s’engouffrera-t-il dans ce trou noir ? », nous confie Patrick. Le pays des merveilles n’est peut-être pas une légende… Une chose est sûre : pour les Foto-Frënn, les inspirations sont dans la rue !
L’a.s.b.l. des Walfer Foto-Frënn a été fondée en 1984 et compte environ 80 membres. Les réunions du club ont lieu le premier lundi du mois ; tout le monde y est le bienvenu. www.wff.lu
Exposition Libraries of Natural Futures
Lieu Parvis Maison Dufaing
Dire le monde, lire le monde : comment rendre visuellement le thème des Walfer Bicherdeeg ? C’est le défi qu’a relevé l’artiste Eric Schockmel. Il a imaginé le visuel principal de cette édition. Par ailleurs, 15 autres images seront à découvrir lors des Journées du livre dans une exposition en plein air devant la Maison Dufaing. Pour cette occasion, Eric a collaboré avec un nouveau « collègue » : une intelligence artificielle.
La série qui en résulte s’intitule « Libraries of Natural Futures ». Eric explique : « C’est un concept qui me tient à cœur. Je suis muséographe et je conçois des expositions au Musée national d’histoire naturelle. L’histoire naturelle nous plonge dans le passé de notre planète. Mais il est aussi important de penser à un avenir durable pour la nature. À quoi peuvent bien ressembler des récits positifs du point de vue de l’histoire naturelle contemporaine ? Cette question me fascine ! » Eric place son travail à l’intersection de l’art, de la science et de la technologie. Exactement là où se situe le thème des Journées du livre.
Walfer sessions. Literature meets music.
Présenté par Maxime Weber & Bartleby Delicate
Lieu Scène extérieure
Cela fait déjà six ans que la résidence d’auteurs de Walferdange collabore avec la revue littéraire Les Cahiers luxembourgeois. Les écrivains de cette édition sont Florence Sunnen et Maxime Weber. Lors des Journées du livre, ils présenteront en direct les textes qu’ils ont créés sur le thème de cette année. Ils seront accompagnés musicalement par Georges Goerens.
Bien entendu, Maxime Weber s’attelle aussi à l’écriture d’un article spécial sur le thème de cette année des Journées du livre. En voici un avant-goût : « Mon histoire pose la question suivante : et si nous savions qu’il y a une vie après la mort ? La certitude de l’infini ; le paradis ? Qu’est-ce que cela signifierait pour notre existence ici-bas ? Je suis vraiment impatient de prendre la parole sur la scène extérieure – et j’ai hâte de voir la réaction du public ! »
Walfer sessions. Literature meets music.
Présenté par Florence Sunnen & Bartleby Delicate
Lieu Scène extérieure
Cela fait déjà six ans que la résidence d’auteurs de Walferdange collabore avec la revue littéraire Les Cahiers luxembourgeois. Les écrivains de cette édition sont Florence Sunnen et Maxime Weber. Lors des Journées du livre, ils présenteront en direct les textes qu’ils ont créés sur le thème de cette année. Ils seront accompagnés musicalement par Georges Goerens.
Pour son texte, que Florence Sunnen a écrit dans le cadre des Journées du livre, elle nous entraîne dans une société fictive : une ville dans laquelle chacun est artiste. Ce qui pourrait être une utopie satisfaisante fait alors figure de malédiction lorsque la productivité devient une contrainte…
KANNNERERZIEL-
THEATER: Eng Welt déi gefält
Présenté par Walfer Schoul
Lieu Scène extérieure
La Walfer Schoul participe bien entendu une nouvelle fois activement à l’événement : avec son propre stand ainsi que des projets de livre et de bricolage créatifs.
Si vous avez été attentif aux Journées du livre de ces deux dernières années, vous connaissez certainement ces trois compagnons : Bäreldéier, Walfësch et Helster. Ce sont les personnages principaux d’une série de livres imaginée par Ralph Hilbert, un enseignant engagé.
« Cette année, notre trilogie sera désormais complète », explique Ralph en souriant. En adéquation avec le thème des Bicherdeeg, le troisième livre s’intitule Eng Welt, déi gefält. « Mee wat ass dat, wat blénkt a fonkelt, am déiwe Bësch do, an der Donkelt … » ? En voici un petit avant-goût : le petit Bäreldéier découvre un monde parallèle fabuleux. Mais que vaut l’endroit le plus merveilleux si l’on y est seul sans ses amis ?
KANNERERZIELTHEATER Den Arthur fält duerch d’Welt
Écrit par Anja Di Bartolomeo
Présenté par
Walfer Schoul
Clara Hertz
Benjamin Heidrich
Lieu Scène extérieure
En partenariat avec Le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Les jeunes lecteurs sont au cœur des Bicherdeeg. D’ailleurs, le Salon du livre se déroule en marge de la Journée internationale des droits de l’enfant, puisque la Convention des Nations unies relative aux droits de l’enfant a été adoptée le 20 novembre 1989. Comment combiner ces deux événements ? L’idée d’un partenariat entre le ministère de l’Enfance, de l’Éducation et de la Jeunesse et la commune de Walferdange est née, avec un projet de livre et la participation de la Walfer Schoul ! Le fruit de cette réflexion : Den Arthur fält duerch d’Welt. Une histoire qui sera présentée en direct sur la scène extérieure dans le cadre des Journées du livre, avec le soutien actif des écoliers de Walferdange. Le récit autour d’Arthur le hibou a été imaginé par l’écrivaine Anja Di Bartolomeo et l’illustratrice Giulia Helminger. En parfait accord avec le thème de cette édition des Bicherdeeg, l’histoire traite du droit d’être comme on est. Les Journées du livre sont l’occasion idéale de sensibiliser aux droits de l’enfant. La comédienne Clara Hertz mettra en scène le texte de manière vivante, avec la participation des écoliers. Au cours d’un atelier, les enfants créent au préalable une petite chorégraphie avec elle. Ils réalisent également les costumes qu’ils porteront. L’accompagnement musical est assuré par Benjamin Heidrich, enseignant à Walferdange, qui travaille avec sa classe sur un rap.
Kannnererziel-
theater: Eng Monsterfriess
Présenté par Potty Lotty
Édité par PersPektiv Éditions
Lieu Scène extérieure
Kannererzielthater mam Potty Lotty! D’Monster huet e Maufel gefaangen an invitéiert seng Frënn op eng Monsterfriess. Déi sinn all begeeschtert vun der Iddi, just de Maufel huet glat a guer keng Loscht, am Dëppen ze landen. Dobäi huet d’Monster esou vill gutt Rezepter … Op Lëtzebuergesch vum Myriam Welschbillig.
Atelier d’illustration
Présenté par Sandra Martins
Lieu Books for Kids 3, 1er étage Centre Prince Henri
En partenariat avec Éditions Schortgen
Atelier d’illustration: Venez dans la fôret avec Sasha et Flint !
Exposition d’Alan Johnston
Lieu CAW
4 sites / 4 new books
Illustrations originales pour ses 4 derniers livres en France : aquarelles, esquisses croquis en plein air de la Camargue, la Côte d’Azur, le Golfe du Morbihan et la Côte d’Albâtre.
Word in Progress
Présenté par KUFA
Lieu Kaffisstuff
Pour la première fois, une séance des soirées « Word in Progress » aura lieu dans le cadre des Journées du livre. Cette soirée de lecture culte est organisée par la Kulturfabrik d’Esch-sur-Alzette. En quoi consiste-t-elle ? Un aperçu de textes inédits et encore en cours d’écriture de trois auteurs. L’objectif : vivre de près la naissance de la littérature.Les écrivains bénéficient en plus directement des retours du public. Écrire ne doit pas être une activité solitaire ! Le Kaffisstuff offre une atmosphère chaleureuse qui rappelle celle d’un salon. Let’s read and enjoy!
Variété de belles choses
Présenté par Zaltimbanq' Zirkus
Lieu Scène extérieure
Variété de belles choses
Présenté par Zaltimbanq' Zirkus
Lieu Scène extérieure