25e Édition - 16 / 17 nov. 2019

LU, vun 3 Joer un

„D’Schmetten an d’Schmooen“ erzielt vun enger verbuedener Léift op engem Planéit wäit ewech. D’Babett gehéiert zum Vollek vun de Schmetten, de Jo zu deem vun de Schmooen. Déi eng si rout, déi aner blo, an all Kand léiert vu klengem un, dass een net mat deenen anere spille soll. Mee d’Babett an de Jo hale sech net un d’Reegele vun hire Grousselteren. A wéi dat an de grousse Libesgeschichten esou ass, maache si sech heemlech dervun … a fléie fort an de Weltall.

Engleschen Original: „The Smeds and the Smoos“ vum Julia Donaldson mat Illustratioune vum Axel Scheffler