25e Édition - 16 / 17 nov. 2019

LU, vu 4 Joer un

„Raiber Hotzenplotz“

De Raiber Hotzenplotz huet der Bomi hir Kaffismaschinn geklaut!
De Kasperl an de Seppel wëssen, wat do ze maachen ass. Si mussen e fänken.
Mee dat ass guer net esou einfach. Well wann de Kasperl an de Seppel him eng Fal stellen, da geroden si selwer an dem Raiber Hotzenplotz an an dem béisen Zauberer Péitrosilius Zwackelmann hir Hänn.

Däitschen Original: „Der Räuber Hotzenplotz“ vum Otfried Preußler

„Rout, gréng, giel … Paprika!“

D’Emma ësst net gären! Mat Hëllef vu Faarwe léiert dat klengt Meedchen awer vill nei Liewensmëttel kennen, déi him ganz gutt schmaachen.

E Buch vum Dolores Focaccetti.