Programme de Bicherdeeg

Programm als pdf herunterladen

 

FilternSchließen

Datum:1

Samstag, 18. November 2023

Sonntag, 19. November 2023

Löschen
Registrieren

Sprache

Französisch

Englisch

Deutsch

Luxemburgisch

Löschen
Registrieren

Typ

Aufführung

Ausstellung

Diktat

Lesung

Sendung

Spektakel

Workshop

Löschen
Registrieren

Publikum

Alle Besucher

Erwachsene

Familie

Junges Publikum

Löschen
Registrieren
Alle Filter zurücksetzen

Samstag

18. November

10.30 - 11.00

DE KÉISEKER, DEEN NI MIDD GËTT!

  • LU
  • > 3 Jahre
  • Lesung
  • Familie
  • Junges Publikum

Verfasst von Judith Feider
Annick Wagener

VERLEGT VON iunik.lu Lëtzebuerger Geeschichten a Lidder fir Kanner

Ort Books for Kids 2, 1. Etage Centre Prince Henri

In Partnerschaft mit  UGDA Steesel

Et ass Hierscht am Bësch! De klenge Kéiseker sollt sech eigentlech op säi Wanterschlof virbereeden. Wéi de Krukert him vun sengen opreegende Pläng erzielt, gëtt et dem Kéiseker kloer, dass net alleguer d’Déieren de Wanter duerch schlofen. Hie beschléisst kuerzerhand, kee Wanterschlof ze halen, mee sech ze ameséieren. Fënnt hien zu dëser Zäit ee Frënd, dee mat him spille wëll?
Freet iech op eng flott Liesung mat Gesank. De Kannerchouer vun der UGDA Steesel ass op der Plaz!

13.30 - 14.00

WAASSER KËNNT DACH AUS DEM KRUNN, ODER NET?

  • LU
  • > 3 Jahre
  • Lesung
  • Familie
  • Junges Publikum

Verfasst von Martine Konijnenberg

VERLEGT VON Éditions Revue

Ort Books for Kids 1, 1. Etage Centre Prince Henri

„Waasser kënnt dach aus dem Krunn, oder net?“ ass ee lëtzebuergescht Kannerbuch iwwert zwee Charakteren, d’Kanéngche Karlo an d’Gäns Gemma. De Karlo an d’Gemma wëllen zu zwee méi iwwert d’Waasser erausfannen, an entdecken op hirer Rees déi verschidde Problematike ronderëm dat blot Gold: d’Waasser als limitéiert Ressource, Waasserverschmotzung a Waasserverbrauch. D’Moral vun der Geschicht ass, datt besser op dës Ressource opgepasst muss ginn.

15.00 - 15.30

Zerknujelt Geschichten

  • LU
  • > 7 Jahre
  • Lesung
  • Familie
  • Junges Publikum

Verfasst von Marc Weydert
Marie-Isabelle Callier

VERLEGT VON PersPektiv Editions

Ort Books for Kids 2, 1. Etage Centre Prince Henri

An esou war et emol … mä et kéint awer och anescht gewiescht sinn … A wann et da méi wéi 7 Zwerge waren? Oder wann den Draach dës Kéier e Prënz amplaz vun enger Prinzessin entféiere géif? A wann et dann NET d’Dauwe waren, déi dem Hänsel seng Broutgrimmele gefriess hunn? Mat „Zerknujelt Geschichten“ huelen eis d’Laureate vum Lëtzebuerger Literaturconcours 2021, de Marc Weydert an d’Marie-Isabelle Callier, sou wéi scho mat „Verdruddelt Geschichten“, a Versform, mat enger gesonder Portioun Humor an enger Rëtsch vläicht an de Vergiess gerodene Lëtzebuerger Ausdréck mat an d’Welt vum Märchen, der Fabel an der Seechen. Mä passt op, och dës Kéier kéint de Schluss aneschters sinn ewéi gewinnt!

16.30 - 17.00

Molen an entdecke mam Theodor & Grace

  • LU
  • 0-3 Jahre
  • Workshop
  • Familie
  • Junges Publikum

Verfasst von Tessy Antony-de Nassau

VERLEGT VON Éditions Schortgen

Ort Books for Kids 1, 1. Etage Centre Prince Henri

Entdeck Lëtzebuerg! Den Theodor an d’Grace si ganz begeeschtert vum schéine Lëtzebuerg. An duerfir wëllen si d’Land besser kenne léieren. Wéi eng Planzen a Beem wuessen hei? Wéi eng Déiere fënnt een an de Bëscher? Wat iessen d’Leit doheem? A wéi gesäit d’Stad Lëtzebuerg aus? D’Grace an den Theodor huelen dech mat op eng Entdeckungsrees, bei där s du spilleresch nei Wierder léiers.

17.00 - 17.30

Toni Konfettoni

  • LU
  • > 5 Jahre
  • Lesung
  • Familie
  • Junges Publikum

Verfasst von Anja Di Bartolomeo

VERLEGT VON éditions guy binsfeld

Ort Books for Kids 2, 1. Etage Centre Prince Henri

In Partnerschaft mit  ALAN ASBL

Dës illustréiert Geschicht erzielt vun engem Fuuss, deen ëmmer voller Energie war a seng Frënn mat senger gudder Laun eng fuusseg Freed gemaach huet. Enges Daags kribbelt et den Toni an de Been an hie ka bemol net méi sou héich sprange wéi soss. Seng Kraaft verschwënnt an hien huet schrecklech Bass. Da fänkt en och nach u faarweg um ganze Kierper ze ginn.– A wéi wann dat net alles scho schwéier genuch ze erdroe wier, zéie seng Frënn sech zréck a kënnen näischt mat deem „Konfettimonster“ ufänken. Den Toni fillt sech eleng a wëll einfach erëm esou sinn, wéi déi aner. Kann d’Zaubermaus Kamella Pop him säi Wonsch erfëllen? Oder gëtt e Wee, fir esou akzeptéiert ze ginn, wéi en elo ass? D’Buch gouf an Zesummenaarbecht mat ALAN ASBL – Maladies Rares Luxembourg verëffentlecht.

11.30 - 12.00

Post fir de Kleeschen

  • LU
  • > 4 Jahre
  • Lesung
  • Familie
  • Junges Publikum

Verfasst von Emma Yarlett

Moderiert von Sonia Thewes

VERLEGT VON PersPektiv Éditions

Ort Books for Kids 2, 1. Etage Centre Prince Henri

Geschwënn ass Niklosdag an de Kleeschen huet d’Päck esou gutt wéi fäerdeg. Do kënnt dem Lea säi Bréif duerch d’Schminni gefall … an där grad e Feier brennt. De Kleesche kann net méi entzifferen, wat d’Lea sech wënscht, a freet d’Wiichtelen, den Änder Äisbier an d’Rendéieren ëm Rot. An déi kommen op déi gelungenst Iddien …

14.30 - 15.00

Honorable Brasius / L’homme de la rivière

  • FR
  • Lesung
  • Erwachsene

Verfasst von Florent Toniello
Nathalie Ronvaux

VERLEGT VON Hydre Éditions
Zoom éditions

Ort Maison Dufaing

Sorcier, clochard céleste, charlatan ? En tout cas, pour celles et ceux qui font appel à ses services, l’aveugle Brasius est l’« honorable ». Avec sa chienne Enza, il débrouille l’écheveau de problèmes que seul le surnaturel peut résoudre ou expliquer. Un don qui excuse bien des défauts… tels son caractère ronchon et ses propos vulgaires. Dans le futur incertain où ces deux-là évoluent, les manipulations génétiques sur les vaches ont abouti à une civilisation bien particulière sur Callisto, et les opérations minières spatiales pourraient bien mettre en danger la Terre entière. Cinq nouvelles reliées par l’étrange, qui s’interrogent sur l’avenir de l’humanité.


L’homme de la rivière est le premier microrécit d’une série intitulée (L’homme né du dic’t’on). En s’inspirant d’une citation ou d’un dicton, l’auteure, avec humour et dérision, détourne le sens premier du propos, ou encore, le prend au pied de la lettre. Le premier texte de cette série s’inspire d’une citation de Lao-Tseu : « Si quelqu’un t’a offensé, ne cherche pas à te venger. Assieds-toi au bord de la rivière et bientôt tu verras passer son cadavre. » Après avoir été humilié, le protagoniste du récit décide de s’installer sur les berges de la rivière jusqu’à obtenir réparation.

15.15 - 15.45

Monster Mayla / Ditteridi

  • LU
  • Lesung
  • Erwachsene

Verfasst von Roland Meyer
Charel Meder

VERLEGT VON Op der Lay

Ort Maison Dufaing

„D’Malya ass grad emol 12 Joer al, awer an dësen 12 Joer schonn zu engem „Monster“ ginn. Esou gesäit dat op alle Fall säin Ëmfeld: seng Jofferen a Schoulmeeschteren, d’Personal aus der Maison relais an och all déi aner sëlleg Leit, déi sech ëm hatt a seng Famill bekëmmeren. D’Malya stéiert de System, duerch seng Roserei, seng Onugepasstheet, seng Stuerheet, seng Gewaltausbréch. An der Schoul huet hatt keng Frënn, a mat senger Famill wëllt keen sech ophalen. Wéi hatt mat sengen dräi Schwësteren an der Mamm virun engem vun där hire villen Amanten huet misse fortlafen, verstoppen si sech am Bësch a geroden do an een Donnerwieder. D’Malya gëtt vu senger Famill getrennt a kënnt schliisslech bei e Buer, an deem de Goldie lieft, ee Goldfësch, mat deem hatt ganz frou ass, deen hatt awer viru laanger Zäit do ausgesat hat.


Dat éischt Buch zu Lëtzebuerg, dat integral vun enger KI compiléiert gouf. An deem et drëms geet, wéi et dozou komme konnt, datt matten am wäermste Summer, dee jeemools am Grand-Duché gemooss gouf, eng KI de Literaturbetrib iwwerhuele konnt. A wéi si aus dëser Welt zu gudder Lescht awer nach eng besser gemaach huet. All dat – an nach vill méi – gitt Dir an dësem Buch gewuer. Eng Parabel op eng Welt, déi op der Kopp steet. Eng Allegorie op e monde fou. „Pedagogesch besonnesch wäertvoll.“ (Minister vun der Exklusiv Digital-inklusiver Educatioun)“

17.30 - 18.15

Der Letzte Bus / Meine Insel / im halblichten geäst deines atems

  • DE
  • Lesung
  • Erwachsene

Verfasst von Jérôme Netgen
Raoul Biltgen
Ulrike Bail

VERLEGT VON Zoom éditions
Hydre Éditions
Conte Verlag

Ort Maison Dufaing

Alvaro Aboulias, ein Nachfahre des portugiesischen Weltumseglers Ferdinand Magellan, strandet am Ende eines verregneten Tages in einem Wirtshaus am Dorfrand. Dort klebt das Fernweh zur Ermunterung der Kundschaft am Buffet, die Pferdebremsen randalieren am beschlagenen Fenster. Und ein Mann im weißen Kittel wartet geduldig auf seinen Einsatz.


Auf einer einsamen Insel steht ein Mann am Strand und erzählt einen Witz über einen Mann am Strand auf einer einsamen Insel. Dabei hat er nichts zu lachen. Der Schiffbrüchige, der einst Jean-Marie hieß und sich nun Robinson nennt, hat sich ein neues Leben geschaffen: Vorräte angelegt, eine Hütte gebaut – und Zäune errichtet. Denn den mühsam angehäuften Besitz soll ihm niemand wegnehmen. Piraten zum Beispiel. Oder gar Menschenfresser, wie bei Robinson Crusoe. Wer weiß, wie lange man auf einer einsamen Insel allein bleibt?


Auf den täglichen Spaziergängen mit ihrem Hund entdeckt Ulrike Bail kulturelle Vernetzungen im Moos, symbolische Prozesse zwischen Orchideen und Pilzen und findet überraschende Wörter. Ihre Gedichte erkunden die vielfältigen Beziehungen zwischen Kultur und Natur – filigran und klangvoll.

18.30 - 19.00

Wasserstand / Fassad a Substanz

  • DE
  • LU
  • Lesung
  • Erwachsene

Verfasst von Luc François
Joël Adami

VERLEGT VON Kremart Edition
Op der Lay

Ort Maison Dufaing

Mit einem Roman im Noir-Stil will der Schriftsteller Klaus Klopp den großen Wurf landen, nachdem seine ersten beiden Werke gerade einmal als Mittelmaß belächelt wurden. Die neue Geschichte soll spannend und düster, literarisch wertvoll, aber zugleich authentisch und menschlich sein. Vielleicht auch ein wenig kunstvoll. Ausgerechnet ein Glas Wasser bringt den Mittvierziger auf eine Idee, wie er seinen Figuren echtes Leben einhauchen kann. Jetzt muss Klausi zeigen, was in ihm steckt.


Den Ech-Erzieler steet enges Daags am Laf vum Joer 2016 virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“ a kritt d’Gefill, datt generell eppes mat der Welt a besonnesch mat Lëtzebuerg net stëmmt. Alles wierkt fir hien, wéi wann et just eng bëlleg Kuliss aus Kartong wier. Wat als komescht Gefill ufänkt, entwéckelt sech zu engem eeschte Problem, well näischt méi reell wierkt: D’Pizzeria net, d’Chamber an déi lëtzebuergesch Politik souwisou net, net emol de Besuch beim Bäcker, wou ee rosenen Här versicht, säi Croissant op Lëtzebuergesch ze bestellen. D’Lis, dem Ech-Erzieler seng bescht Frëndin, probéiert him d’Gefill vun der Normalitéit zeréckzeginn. Dofir besichen déi zwee déi „schéinsten“ Plaze vum Land. Si maache kee Roadtrip, well dat an engem klenge Land lächerlech wier. Si fueren trotzdeem bei de Bockfiels, an de Flying Dutchman, op d’Aire de Berchem, de Stauséi a schlussendlech op de Kierchbierg.

11.30 - 12.00

Walfer sessions. Literature meets music.

  • DE
  • Lesung
  • Alle Besucher
  • Erwachsene

Moderiert von Maxime Weber & Bartleby Delicate

Ort Außenbühne

Sechs Jahre gibt es die Walfer Autorenresidenz in Zusammenarbeit mit der Literaturzeitschrift „Les Cahiers luxembourgeois“ bereits. Die Schriftsteller der diesjährigen Ausgabe: Florence Sunnen und Maxime Weber. Auf den Büchertagen präsentieren sie live ihre zum Jahresthema erstellten Texte. Musikalisch begleitet werden sie von Georges Goerens. Natürlich verfasst Maxime Weber auch eigens einen Beitrag zum Jahresthema der Büchertage. So viel sei verraten: „Meine Geschichte geht der Frage nach: Was wäre, wenn wir wüssten, dass es ein Leben nach dem Tod gibt? Die Gewissheit der Unendlichkeit; das Paradies? Was würde das für unser Dasein hier bedeuten? Ich freue mich sehr auf meinen Vortrag auf der Außenbühne – und bin gespannt auf die Reaktion des Publikums!“

17.00 - 17.30

Walfer sessions. Literature meets music.

  • EN
  • Lesung
  • Erwachsene

Moderiert von Florence Sunnen & Bartleby Delicate

Ort Außenbühne

Sechs Jahre gibt es die Walfer Autorenresidenz in Zusammenarbeit mit der Literaturzeitschrift „Les Cahiers luxembourgeois“ bereits. Die Schriftsteller der diesjährigen Ausgabe: Florence Sunnen und Maxime Weber. Auf den Büchertagen präsentieren sie live ihre zum Jahresthema erstellten Texte. Musikalisch begleitet werden sie von Georges Goerens.
Für ihren Text, den sie im Rahmen der Büchertage verfasst, entführt sie in eine fiktive Gesellschaft: eine Stadt in der jeder ein Künstler ist. Was eine erfüllende Utopie sein könnte, wird zum Fluch, wenn Produktivität zum Zwang wird …

15.15 - 15.45

KANNNERERZIEL-
THEATER: Eng Welt déi gefält

  • LU
  • Lesung
  • Familie
  • Junges Publikum

Moderiert von Walfer Schoul

Ort Außenbühne

Die Walfer Schoul ist natürlich wieder aktiv in die Bicherdeeg eingebunden: mit einem eigenen Stand sowie kreativen Buch- und Bastelprojekten.
Wer die letzten beiden Jahre auf den Büchertagen aufmerksam war, wird diese drei Kameraden kennen: Bäreldéier, Walfësch und Helster. Sie sind die Hauptfiguren einer Buchserie, die der engagierte Lehrer Ralph Hilbert ins Leben gerufen hat. Die Illustrationen stammen von Nathalie Ferron – allerdings nur die Umrisse, denn die Schüler sollen die drei Fantasietiere wie immer selbst farbig in Szene setzen.
„In diesem Jahr wird unsere Trilogie komplett“, erklärt Ralph schmunzelnd. Passend zum Thema der Bicherdeeg, heißt das dritte Buch „Eng Welt, déi gefält“. „Mee wat ass dat, wat blénkt a fonkelt, am déiwe Bësch do, an der Donkelt …?“ Soviel sei verraten: Das kleine Bäreldéier entdeckt eine fantastische Parallelwelt. Aber was ist der traumhafteste Ort wert, wenn man dort alleine ohne seine Freunde ist?

16.00 - 16.30

KANNERERZIELTHEATER Den Arthur fält duerch d’Welt

  • LU
  • Lesung
  • Familie
  • Junges Publikum

Verfasst von Anja Di Bartolomeo

Moderiert von Walfer Schoul
Clara Hertz
Benjamin Heidrich

Ort Außenbühne

In Partnerschaft mit  Le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Kinder spielen auf den Bicherdeeg eine Hauptrolle. Apropos: Die Buchmesse findet rund um den Internationalen Tag der Kinderrechte statt, denn am 20. November 1989 wurde die UN-Kinderrechtskonvention verabschiedet. Wie könnten beide Anlässe verbunden werden? Es entstand die Idee zu einer Partnerschaft zwischen dem Ministerium für Kinder, Bildung und Jugend sowie der Gemeinde Walferdingen – samt Buchprojekt und Einbindung der Walfer Schoul!
Das Ergebnis: das Buch „Den Arthur fält duerch d’Welt“. Eine Geschichte, die im Rahmen der Büchertage live auf der Außenbühne präsentiert wird: mit tatkräftiger Unterstützung von Walferdinger Schulkindern. Die Erzählung rund um die Eule Arthur wurde von der Schriftstellerin Anja Di Bartolomeo sowie Illustratorin Giulia Helminger gestaltet. Ganz in Anlehnung an das Jahresthema der Bicherdeeg geht es um das Recht so zu sein, wie man ist.
Die Büchertage bieten den perfekten Anlass auf Kinderrechte aufmerksam zu machen. Schauspielerin Clara Hertz wird den Text lebendig in Szene setzen; begleitet von den Schulkindern. Im Rahmen eines Workshops entwickeln die Kids im Vorfeld mit ihr zusammen eine kleine Choreografie. Zudem gestalten sie die Kostüme, die sie tragen werden. Für die musikalische Begleitung sorgt der Walferdinger Lehrer Benjamin Heidrich, der zusammen mit seiner Klasse einen Rap einstudiert.

14.00 - 14.30

Kannnererziel-
theater: Eng Monsterfriess

  • LU
  • Lesung
  • Familie
  • Junges Publikum

Moderiert von Potty Lotty

VERLEGT VON PersPektiv Éditions

Ort Außenbühne

Kannererzieltheater mam Potty Lotty! D’Monster huet e Maufel gefaangen an invitéiert seng Frënn op eng Monsterfriess. Déi sinn all begeeschtert vun der Iddi, just de Maufel huet glat a guer keng Loscht, am Dëppen ze landen. Dobäi huet d’Monster esou vill gutt Rezepter … Op Lëtzebuergesch vum Myriam Welschbillig.

16.30 - 17.00

Zeichen-Workshop

  • FR
  • EN
  • > 5 Jahre
  • Workshop
  • Familie
  • Junges Publikum

Moderiert von Sandra Martins

Ort Books for Kids 3, 1. Etage Centre Prince Henri

In Partnerschaft mit  Éditions Schortgen

Zeichen-Workshop: Kommt mit in den Wald mit Sasha und Flint!

19.15 - 20.30

Word in Progress

  • EN
  • Lesung
  • Erwachsene

Moderiert von KUFA

Ort Kaffisstuff

Zum ersten Mal findet eine Session der Reihe Work in progress im Rahmen der Büchertage statt. Organisert wird der kultige Leseabend von der Escher Kulturfabrik. Was sich dahinter verbirgt? Ein Einblick in bislang unveröffentlichte und noch nicht fertige Texte von drei Autoren. Das Ziel: Die Entstehung von Literatur hautnah erleben. Die Schriftsteller profitieren zudem von der direkten Rückmeldung des Publikums. Die Kaffisstuff bietet ein gemütliches Ambiente mit Wohnzimmercharakter. Let’s read and enjoy!

12.00 - 12.30

Variété de belles choses

  • LU
  • Spektakel
  • Alle Besucher

Moderiert von Zaltimbanq' Zirkus

Ort Außenbühne

14.30 - 15.00

Variété de belles choses

  • LU
  • Spektakel
  • Alle Besucher

Moderiert von Zaltimbanq' Zirkus

Ort Außenbühne