25e Édition - 16 / 17 nov. 2019

LU

„Dat grousst Féissbuch“ ass dat ultimatiivt Buch iwwer d’Féiss. Féiss an alle Variatiounen, an alle méigleche Kontexter ginn a 14 Kapitele virgestallt a mol méi, mol manner detailléiert behandelt. Et geet ëm d’Féiss an der Literatur, d’Féiss an der Konscht, Foussreflexzonen, a. v. m. – eben ëm Féiss, déi ee wichtegen Impakt op eis Gesellschaft, eis Kultur an op eis selwer hunn, schliisslech bréngen d’Féiss eis iwwerall hin a wëssen dacks besser wéi de Kapp, wou dat soll sinn.