25e Édition - 16 / 17 nov. 2019

1936 gouf d‘„Maus Kätti“ aus der Fieder vum Auguste Liesch déi éischte Kéier als Buch publizéiert. Illustréiert gouf si vum Moler Pierre Blanc. Zanterhier ass d’Geschicht, déi op enger Fabel vum Äsop baséiert, dacks nei opgeluecht ginn, sou och 2019. Hei ginn et net just nei Illustratioune vum Valérie Willame, mä och eng Fortsetzung vun der Handlung mat neien Aventure vun der „Maus Kätti“. Dës Publikatioun ass den Ulass vun der Presentatioun am CAW, bei där de Filmdirekter a –produzent Fred Neuen déi ënnerschiddlech Illustratiounen vun der bekannter lëtzebuergescher Geschicht am Detail presentéiert an hir Evolutioun erkläert.