25e Édition - 16 / 17 nov. 2019

LU, vu 4 Joer un

„Schokola aus Afrika“

De Leo kann net aschlofen. Déi traureg Biller vum klenge Jong mat de Smarties-Ae kann hien einfach net vergiessen. Op eng Kéier spiert hien, dass dee klenge Jong aus dem Fernseh bei him am Zëmmer steet.

E Buch iwwert d’Transfair-Thematik.

„Liddereg wéi Mëscht“

De Leo léiert Kanner kennen, déi musse schaffen an net an d’Schoul kënne goen. Hie mierkt, dass hie selwer ganz schéi verwinnt ass, an dass d’Kanner et net all op der Welt sou gutt hu wéi hien. E Buch iwwer Kanneraarbecht/Transfair-Thematik.

„Kouhandel mat der Wiederhex“

D’Geschicht mam Réische vum Lampertsbierg, dat am Ufank zwar verwinnt, zum Schluss awer net méi räif ass, bréngt Iech zum Laachen, mee och zum Kräischen. Dir léiert Figure kennen, wéi de Joshi, säi beschte Kolleg, de Giffy, e Panda, den Iesel Albertine, eng Méiw, en Husky an net ze vergiessen déi béis Wiederhex, déi et op dem Réische säi Bridderchen ofgesinn huet.