25e Édition - 16 / 17 nov. 2019

LU

An dësem spannende Roman vum Léon Schadeck geet et ëm d’Ereegnesser aus dem Zweete Weltkrich zu Réimech. Mir begéine Resistenzler ‒ Mënschen, déi sech mat Leif a Séil géint de Regime gewiert hunn an esou stännege Geforen ausgesat waren. Zugläich léiere mir Leit kennen, déi mat den Däitsche kollaboréiert hunn. Wat huet dës Mënsche motivéiert? Beklemmend a realistesch beschreift den Auteur, wéi d’Schicksal säi Laf hëlt …