25e Édition - 16 / 17 nov. 2019

LU, vu 4 Joer un

Déi Wëll lafen am Bësch! Dee Saz hues du dach bestëmmt schonn déi eng oder aner Kéier héieren, oder net? Dësem an nach ville weidere lëtzebuergesche Spréchwierder a Riedewendunge begéins du an eiser Geschicht. Well déi souwuel am wuertwiertlechen, wéi och am iwwerdroene Sënn agesat sinn, wäerts du kee Problem hunn, fir se ze verstoen, egal ob s du elo 4 oder 101 Joer al bass. A wann awer nach eng Fro bleift, fënns du d’Erklärunge vun typesch lëtzebuergeschen Ausdréck um Enn vum Buch. Komm elo mat eis op bekannte Plazen am Ländchen, stëmm dat eent oder anert Vollekslidd un an zéck net, déi sëllege Spréchwierder nozebabbelen.